
De 25. Juni géint 17 Auer am Nomëtte war et op der Dräikantonsstrooss tëschent dem Kreesverkéier Wandhaff an der Autobunnsbréck vun der Areler Autobunn zu engem Accident tëschent engem roude Motorrad an engem wäissen Auto komm.
Aenzeien, déi eppes vum Accident matkruten, solle sech bei der Police vu Kapellen mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 30 1000 oder via Mail.