
Wéi d’Police matdeelt, krute sech op der Héicht vun der Ausfaart fir op d’A4 an Direktioun Éilereng/Esch-Zentrum en Auto (VW Golf) an e Moto (Honda) ze paken. De Motocyclist gouf blesséiert a koum an d’Spidol.
D’Police sicht elo no Informatiounen, fir ze klären, wéi den Accident sech genee ofgespillt huet. Wien den Accident, respektiv déi zwee bedeelegt Gefierer observéiert huet, ass gebieden, sech bei der Verkéierspolice ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 17 5200 oder via Mail.