
En Automobilist huet hei de Spigel vun engem Won, deen aus där anerer Richtung koum, gesträift an huet sech an der Suite duerch d’Bascht gemaach. An deem Zesummenhang sicht d’Police elo no Zeien. Méiglecherweis souz de schëllege Chauffer an engem hellgroen Toyota. All Informatioune si fir d’Police ënnert der Nummer +352 244-80 1000 oder iwwer Mail Police.DIEKIRCHVIANDEN@police.etat.lu.
Donieft mellt d’Police och e puer Fäll vun Alkohol um Steier. Tëscht Koler an Héiweng ass en Automobilist mat sengem Gefier géint 2.30 Auer an der Nuecht op e Sonndeg am Gruef gelant. Den Alkoholtest war positiv an de Permis fort.
Zu Angelduerf ass eng Automobilistin mat hirem Auto an d’Mauer vun engem Gebai gerannt. Och si hat ze vill gedronk.
E weidere Permis gouf an der Stad an der Avenue de la Gare agezunn.