
Op den Hektar Land gerechent, gëtt dëst eng Entschiedegung vum Wëldschued an Héicht vu ronn 2 Euro.
2019 louch dee Montant bei Remboursementer bei Wëldschued souguer bei ronn 780.000 Euro.
Dee meeschte Schued ass duerch Wëllschwäin am Gréngland gemaach ginn. Een Drëttel vum Schued gouf op Mais-Felder hannerlooss.
Dës Zuele liwwert d'Ëmweltministesch Dieschbourg op eng parlamentaresch Fro vum ADR-Nord-Deputéierte Jeff Engelen.
D'Ministesch bedauert et iwwerdeem, datt eenzel Juegdpiechter keng Demande op Remboursement bei engem Wëldschued stellen. Dowéinst géifen och keng korrekt Donnéeë fir e geneeë Wëldmanagement virleien.