
Op enger Rei Punkte wiere Projeten initiéiert ginn, ënner anerem am Beräich Digitaliséierung.
Den LNS mécht zënter enger Zäit mat negative Schlagzeilen op sech opmierksam, ënner anerem wéinst laangen Delaien, interne Streidereien an enger ganzer Serie un Demissiounen.
D’Monopol-Stellung vum Staatslaboratoire gëtt an deem Kontext vu ville Säiten a Fro gestallt, och vun der CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez.