Zejoert ass d‘Zuel vun den Abréch ëm 3 Prozent erofgaangen am Verglach zum Joer virdrun. Déi Fäll an deene Gewalt benotzt gouf, fir eppes ze klauen, sinn ëm 4 Prozent zeréckgaangen. D‘Zuel vun den Iwwerfäll ass esouguer ëm d‘Hallschent erofgaangen. Alles dat, géif dozou bäidroen, dass d‘Leit sech méi sécher géife spieren, esou den Inneminister Leon Gloden. Alles an allem gouf et zejoert awer eng Hausse vun den Infraktiounen. Ee vun de Probleemer bleiwen d‘Abréch, wann och manner an Haiser a Wunnengen, mä éischter a Garagen a Kelleren, virop a Residencen.
D‘Zuel vun den Autoen, déi geklaut goufen, ass zwar am Verglach zum Joer virdrun liicht an d‘Luucht gaangen. Allgemeng bleift déi awer stabil, bei ëm déi 200 am Joer.
Eng vun de grousse Prioritéite vun der Police ass d‘Drogebekämpfung. Et wier ee sech der Problematik bewosst a géif d‘Doleancë vun de Leit eescht huelen, huet et en Dënschdeg vun der Police op der Presentatioun vun de Kriminalitéitsstatistiken 2023 geheescht. Zejoert goufen et méi wéi 3.000 Infraktiounen wéinst Drogen. 187 Persoune goufe festgeholl a méi wéi 1.000 Mol goufen Droge saiséiert.