StatecZejoert liicht manner Faillitte wéi déi Jore virdrun

Maxime Gillen
Zejoert goufen 1.050 Faillitten an 846 Liquidatioune gesprach. Dat sinn der alles an allem liicht manner wéi nach dat Joer virdrun.
Zuel vun de Faillitte vu Januar 2018 bis Dezember 2022.
Zuel vun de Faillitte vu Januar 2018 bis Dezember 2022.

Ma anescht wéi déi Jore virdrun, war d’Zuel virop am leschten Trimester ongewinnt héich. Ob dëst den Ufank vun enger Well ass oder just eng Accumulatioun virum Enn vum Joer, wäert sech dann an den nächste Méint weisen.

Zuel vun de Faillitte vu Januar 2018 bis Dezember 2022.
Zuel vun de Faillitte vu Januar 2018 bis Dezember 2022.

Wéi den nationale Statistiksbüro schreift, gouf et am Horeca-Secteur zwar eng remarkabel Hausse u Faillitten am leschte Joer, allerdéngs goufen et der dat Joer virdrun och ongewéinlech wéineg an deem Beräich. Ënnert anerem am Commerce hunn dogéint zejoert manner Entreprisen hir Dieren zougemaach wéi 2021.

An absolutten Zuelen gouf et, genee wéi déi Jore virdrun, déi meeschte Faillitten bei de Fongen an Holdingen.

Duerch déi gutt 1.000 Faillitten hunn dann eppes méi wéi 2.000 Leit hir Aarbechtsplaz verluer. Ronn 45 Prozent vun den Entreprisen, déi opgehalen hunn, hate keng Employéen. D’Hallschent hat der manner wéi 10.

Am stäerkste betraff ass de Konstruktiounssecteur mat méi wéi engem Drëttel vun den Aarbechtsplazen, déi an deem Beräich ofgebaut goufen.

Nieft de ronn 1.000 Faillitten, dat heescht Entreprisen, déi net méi genuch finanziell Moyenen haten, fir weider ze schaffen, gouf et och knapp 850 Liquidatiounen, wou Entreprisen aus anere Grënn decidéiert hunn, mat hiren Aktivitéiten opzehalen. D’Hallschent dovu ware Fongen an Holdingen.

Bei de Liquidatioune gouf et dann eng Baisse vu 16 Prozent am Verglach mam Joer 2021. Kuckt een awer just dat lescht Trimester 2022 a vergläicht dat mam Joer virdrun, gouf et eng Hausse vu 14 Prozent.

Zuel vun de Liquidatioune vu Januar 2018 bis Dezember 2022.
Zuel vun de Liquidatioune vu Januar 2018 bis Dezember 2022.

PDF: Schreiwes vum Statec

Back to Top
CIM LOGO