Guidéiert Wanderunge goufen et zu Nidderkuer am giele Botter, an der Kofferminn zu Stolzebuerg an ë.a. och am Mëllerdall, méi prezis zu Bäerdref. D'Birgit Kausch huet d'Leit um Sonndeg Moien duerch de Geotop "Wanterbaach - Siweschlëff" gefouert.
Virun 200 Millioune Jore gouf et hei op dëser Plaz e Mier. Hei ass e ganz speziellt Mikroklima. Doduerch entsteet zum Beispill ganz vill Moos. Net manner ewéi 350 verschidde Mooszorten ginn et hei an der Regioun.