
Hir Aufgab: D'Biodiversitéit, d'Landwirtschaft an den natierlechen a kulturelle Patrimoine zesummeschweessen.
Natura 2000, dee weltwäit gréissten Naturschutz-Reseau, soll d'Biodiversitéit an der Europäescher Union protegéieren. Ëmweltpolitik kann nëmme funktionéieren, wann e permanenten Dialog do ass. All zesumme kéinten d'Acteuren eppes änneren, seet den Thierry Koslik, Coordinateur bei Natura 2000.
"Mir hunn 22 Gemengen dobäi. Mir hunn déi Haaptverwaltungen, déi bei der Ëmsetzung gebraucht ginn, Waasser, Agrikultur, Ponts et chaussées. Mir hunn ONGen dobäi, och déi regional Sektiounen. Mir hunn awer och déi ländlech Entwécklung, den Tourismus, dee fir eis wichteg ass."
Zu Lëtzebuerg mécht Natura 2000 mat 66 Gebidder ronn 27% vun der Gesamtfläch aus a verbreet sech op 70.000 Hektar. De Comité am Oste muss sech an Zukunft ëm 14 Zone këmmeren. Den Thierry Koslik erkläert, dass et prioritär gëllt, op sensibel sougenannten „Trockenrasen" a ganz speziell Fiichtgebidder opzepassen. Fir vill Flächen hei am Land hu mir eng Verantwortung:
"Mir hunn an der Géigend Bijouen, den Haff Réimech, deen europawäit mëttlerweil bekannt ass. Dann hu mir awer och ganz speziell Saachen, wéi Buxus, Standuert um Pellembierg bei Wuermer, mir hunn nach eenzel kleng Habitater, Wakelter, déi et europawäit och net méi gëtt."
Am Oste goufen déi Responsabel mat ville Problemer konfrontéiert. D'Dréchent am Summer zum Beispill mécht et de Baueren net ëmmer einfach. Den Tom Düsseldorf, Beroder bei Convis, der Déierenzucht-Genossenschaft:
"Mir hu vun der Pädologie hier och vill manner Humus am Buedem, dat heescht, déi Noliwwerunge vu Stéckstoff, déi Kulturen da brauchen, op déi mir awer ugewise sinn, well mir keng cheemesch Dünger kënnen huelen, déi sinn natierlech hei net sou gi wéi am Norden vum Land, wou mir 5,6% Humus hunn. Deen 2. Problem, dee mir begéint hunn, dat war den Zäitpunkt vun der Ëmstellung, dass ee Betrib ass net direkt bio. Wann ech mech dozou bekennen, hunn ech 2 Joer laang zimmlech héich Käschten."
D'Haaptmesurë vum Natura 2000 gi vum Ëmweltfong finanzéiert. Fir verschidden aner Moossnamen iwwerhëlt de Waasser- oder Klimafong d'Käschten.