Am Joer 2006 gouf de “Relais” an d’Liewe geruff. Zil ass et, zesumme géint de Kriibs ze kämpfen, d’Patienten z’encouragéieren an un déi Mënschen ze denken, déi de Kampf géint dës Krankheet verluer hunn. Mat um Rendez-vous ass och all Joers d’Fra vum Grand-Duc, d’Maria Teresa.
Déi eenzel Ekippen, déi deelhuelen, lafen oder trëppelen - sou wéi et jidderengem gefält. Dëst Joer sinn eng 300 Ekippen ugemellt.
Emotional gëtt et och all Kéiers, wa Sonndes owes géint 17 Auer d’Käerzen ugefaange ginn. Och ginn et Temoignagë vu Leit, déi de Kriibs iwwerstanen hunn.
Bal 1.100 Mënsche sinn 2022 am Grand-Duché un de Suitte vun enger Kriibserkrankung gestuerwen. Tumeure gehéieren zu den heefegsten Doudesursaachen. Den Zuele vum Gesondheetsministère no sinn am Joer 2022 109 Männer u Longekriibs gestuerwen. De Prostatakriibs ass déi zweetheefegst Doudesursaach bei den Häre mat 47 Doudegen. Bei den Damme si virun 2 Joer déi meeschten duerch de Broschtkriibs gestuerwen. Dat waren 105 Persounen. 81 Fraen haten de Kampf géint de Longekriibs verluer.