
D'Affer ass och mat engem Messer liicht um Bee blesséiert ginn. De Mann krut déi gëlle Kette vum Hals gerappt an e Rank aus der Täsch geholl. Zwee Männer hunn en aggresséiert. D'Police sicht no eventuellen Zeien. Déi zwee Täter hu wuel arabesch Originnen a sinn tëscht 28 a 35 Joer. All d'Informatioune si fir d'Police aus der Stad ënnert der Nummer 244 40 1000.
Zu Diddeleng op der Place de l'Hotel de Ville gouf et e Freideg den Owend géint 19.50 Auer ee weideren Tëschefall. Hei ass e 14 Joer ale Jong vun engem Onbekannte menacéiert a beklaut ginn. Den Täter ass tëscht 16 an 20 Joer al, e gëtt südlännesch beschriwwen, 1,60 bis 1,70 Meter grouss, schwaarz ugedoen an huet Lëtzebuergesch geschwat. Eventuell Zeie solle sech bei der Police ënnert der Nummer 244 69 1000 oder um 113 mellen.
Zu Suessem hunn e Freideg den Owend géint 22.15 Auer dann Onbekannter probéiert, an en Haus anzebriechen. Si hunn ënnert anerem eng Fënster futti gemaach. Wéi si gemierkt hunn, datt een doheem wier, hu si sech duerch d'Bascht gemaach.
Op der Escher Autobunn Héicht Leideleng koum et e Samschdeg de Moien zu enger Kollisioun tëscht engem Automobilist an engem Motocyclist. Beim Iwwerhuele krut d'Motorrad de Won ze paken, ass doropshi gefall an huet sech un der Schëller blesséiert. Wéi sech erausgestallt huet, huet d'Persoun um Moto kee Fürerschäin an och d'Pabeiere vum Gefier waren net an der Rei. De Parquet huet ordonéiert, d'Motorrad ze confisquéieren an e Protokoll géint de Schëllegen an d'Weeër ze leeden.