EuropawalenZil vun der CSV ass den 3. Sëtz, deen 2019 verluer goung

Jean-Marc Sturm
Jeannot Ries
D'CSV huet en Dënschdeg hire Programm fir d'Europawalen den 9. Juni virgestallt.
Zil vun der CSV ass den 3. Sëtz, deen 2019 verluer goung
D’CSV huet en Dënschdeg hire Programm fir d’Europawalen den 9. Juni virgestallt.

CSV Europawalen / Reportage: Jean-Marc Sturm

Rieds geet vun enger staarker Stëmm an Europa, vun enger Plaz an der Mëtt, wäit ewech vu Rietsextrem. 12 Punkten huet de Wal-Programm, fir déi d’Kandidate Ried an Äntwert stoungen.

De Co-Spëtzekandidat Christophe Hansen huet virop un d’ursprénglech Missioun vun der europäescher Iddi erënnert: De Fridde sécheren. Dofir brauch d’EU virum Hannergrond vum Krich an der Ukrain eng staark Verdeedegungspolitik mat enger staarker Rëschtungsindustrie als staarke Pilier bannent der NATO. Bei der Aussepolitik misst d’EU och de Wee vun der Eestëmmegkeet hannert sech loossen.

Grouss Defie gesäit d’CSV och an der europäescher Wirtschaftspolitik, där ee mat manner Bürokratie wëll entgéintkommen fir een nohaltegen Wuesstem, bei deem sozial Standarde an eng krisefest Gesondheetspolitik weider héichgehale ginn. Weider Accente leien um Digitalen an op der Innovatioun

D’CSV verschléisst sech der EU-Erweiderung no Osten net. Fir d’Tierkei wier esou eng Perspektive awer net do an et missten aner Verträg ausgehandelt ginn.

Déi Chrëschtlech-Sozial stinn dann zum rezenten EU-Migratiounspakt an hält näischt vum sougenannte Ruanda-Modell, mat deem de Problem baussent d’EU verlagert gëtt.

Wat eventuell Allianzen op EU-Niveau betrëfft, war d’Co-Spëtzekandidatin Isabel Wiseler-Lima däitlech: “Mir sinn an der Mëtt a mir bleiwen an der Mëtt. D’Bündnisser, déi mir sichen, sinn an der Mëtt. Et kënnt net a Fro, dass mir eis mat Rietsextreem verbünden. Dat ass och ganz kloer, wat eng Ursula von der Leyen sot: Mir bleiwen an der Mëtt.”

Bei der ADR géif een an der Lescht feststellen, dass déi Partei bei verschiddenen Themen wéi Russland oder Migratioun Richtung Rietsextremismus géif réckelen.

Back to Top
CIM LOGO