
Eng zolidd operationell a finanziell Performance: Esou jugéiert d’SES hire Joresbilan fir 2024, deen e Mëttwoch de Moie publizéiert gouf. Eppes iwwer zwou Milliarden Euro huet de Satellitte-Bedreiwer am Laf vum leschte Joer ëmgesat, dat ass knapp annerhallwe Prozent manner wéi nach 2023.
No Steieren an Ofschreiwunge bleift en Netto-Benefice vun 126 Milliounen. Dat ass just nach eppes méi wéi d’Hallschent wéi zejoert a gëtt erkläert duerch ënnert anerem méi TVA-Depensen, Amortissementer an eng generell méi schlecht ekonomesch Situatioun. Pro Aktie gëtt eng Dividend vu 25 Cent ausbezuelt.
An der zweeter Hallschent vun dësem Joer soll d’Iwwernam vun Intelsat iwwerdeems finaliséiert sinn. Dat wäert dann déi finanziell Flexibilitéit vergréisseren, ass am Joresrapport ze liesen, wou iwwregens kee Wuert iwwert de geplangte Plazenofbau rieds geet. Enn d’lescht Joer gouf jo zu Betzder e Sozialplang ënnerschriwwe fir 68 Mataarbechter aus de Beräicher Ingenierie, Informatik an Administratioun.
D’Gewerkschaften OGBL an LCGB hate sech do besuergt gewisen, dass mat der Integratioun vun Intelsat weider Licenciementer ze erwaarde wieren.