Äntwerten op dës a vill aner Froe gouf et um Sonndeg am Kader vun der 36. Editioun vun “En Dag um Bauerenhaff”.
Déi Kéier haten d’Gebridder Wester op hiren Haff zu Alzeng invitéiert. Eng 30 Informatiouns- a Verkafsstänn, grad ewéi Kanner-Animatiounen an all Zorte vun Trakteren hunn d’Leit aus dem ganze Land dohinner gezunn.
Nieft engen 120 Mëllechkéi a Källefcher waren och e puer Klengdéieren, grad ewéi Schwäi mam VR-Brëll via Video op Besuch. Den Dag um Bauerenhaff ass ëmmer eng Geleeënheet, dem Grand Public d’Landwirtschaft méi no ze bréngen.
Et ass e Secteur, deen et an Zäite vu Pandemie, Ukrain-Krich a staarker Hëtzt momentan awer net ganz einfach huet. Héich Fudder- an Energiekäschte maachen de Baueren ze schafen, déi dofir no méi politescher Ënnerstëtzung froen.