Abroch an DéifstallZu Bouneweg, Dikrech an am Rollengergronn gouf agebrach

RTL Lëtzebuerg
An de leschte Stonne goufen der Police direkt 3 Abréch am Land gemellt. Zu Bierchem an zu Diddeleng goufen Abrochversich gemellt.
© RTL Archiv

Am Laf vun der Nuecht goufen dann nach Wäertsaachen aus zwee geparkten Autoe geklaut, dat zu Péiteng an am Gronn an der Stad. Hei goufen ënnert anerem Poschen, Geld, Bijouen an Aueren a soss Wäertgéigestänn geklaut.

An der Stroossbuerger Strooss krut dann nach eng Persoun géint 1 Auer an der Nuecht hiren Handy geklaut, dat vun direkt e puer Leit. D’Täter si kuerz drop gefücht.

Back to Top
CIM LOGO