
Dat, well e Canapé Feier gefaangen hat. Zwou Persoune goufe blesséiert. D’Ambulanz vu Lëntgen war op der Plaz.
Donieft mellt de CGDIS 3 Accidenter zu deenen et am Laf vum Donneschdegmoie komm ass.
Géint 7.55 Auer hate sech zu Ettelbréck zwee Autoen ze pake kritt. D’Ambulanz an d’Pompjeeën aus der Nordstad waren op der Plaz. Eng Persoun gouf blesséiert.
Kuerz no 8.00 Auer krut dann en Auto um CR154 tëscht Siren an Alzeng e Moto ze paken. D’Ambulanz aus der Stad huet sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.
Um 8.55 Auer gouf et dann eng weider Kollisioun tëscht engem Auto an engem Moto. Dat tëscht dem Beetebuerger Kräiz a Léiweng op der A3. Och hei gouf et ee Blesséierten. Op der Plaz waren d’Ambulanz an d’Pompjeeë vun Diddeleng an d’Pompjeeë vu Beetebuerg.