
Wéi de Bouf vum Proprietär op Nofro confirméiert huet, wieren eng honnert rar Pokemonkaarten, déi eegens vu enger Agence bewäert goufen, grad ewéi eng véier bis fënnef Këschte mat sougenannte Booster-Päck geklaut ginn. De Schued vun de geklaute Kaarte géif sech op ronn 30.000 Euro belafen. D’Kaarte wiere verséchert gewiescht an et géif een dovun ausgoen, en Deel vun de Suen zeréckzekréien.
Ee Mataarbechter wier en Dënschdegmoien an de Buttek komm an hätt gesinn, dass d’Dier opgebrach gouf. Bannen hätt hien da gesinn, dass eng Partie Kaarten um Buedem leien. Doropshin hätt hien d’Police verstännegt.
D’Police confirméiert dann och, dass den Abroch tëscht e Méindeg den Owend an en Dënschdeg de Moie passéiert ass. Éischten Erkenntnisser no wier d’gliesen Dier vum Buttek gewaltsam opgebrach ginn. D’Police technique wier dann och op der Plaz gewiescht an et wier e Rapport geschriwwe ginn.