Zwou Persoune koume fir eng Kontroll an d'SpidolZu Déifferdeng hat et e Sonndeg an engem Appartement gebrannt

RTL Lëtzebuerg
Wéi aus dem Bulletin vum CGDIS ervirgeet, koum et e Sonndeg de Moien zu zwee Incidenten.
© Domingos Oliveira / RTL

Kuerz no 6 Auer ass tëscht dem Kimm an dem Riesenhaff een Auto bäigaangen. Eng Persoun gouf dobäi verwonnt.

Kuerz no 11 Auer hat et dann an engem Appartement an den Terrasses de la Ville zu Déifferdeng gebrannt. Hei ass et beim Materialschued bliwwen.

Op Nofro huet et geheescht, dass et um éischte Stack vum Gebai gebrannt hätt. Eng 10 Persounen hu missen evakuéiert ginn, ier si no de Läschaarbechten nees hunn dierfen an hir Wunnengen zeréck.

Zwou Persoune koume fir eng Kontroll an d’Spidol.

Back to Top
CIM LOGO