
De Bensinn, deen ausgelaf ass, huet misse vun de Pompjeeë mat engem spezielle Pudder neutraliséiert ginn.
Op der Plaz war och d’Police. Firwat den Auto Feier gefaangen huet, ass zur Zäit nach net gewosst. Eng Persoun koum net zur Schued. Op der Plaz selwer huet et nach laang no Bensinn geroch.
Géint 20.15 Auer hat zu Munneref an der Rue des Rosiers en Zelt an engem Gaart Feier gefaangen. Hei blouf et och beim Materialschued.
Géint 23.30 Auer da gouf et nach e Poubellesbrand op der Schweebecher Bréck, ëm deen d’Pompjeeë vun Useldeng sech gekëmmert hunn.