Alkohol um SteierZu Diddeleng hat e Chauffer der Police d'Virfaart geholl

RTL Lëtzebuerg
E puer Chaufferen haten dëse Weekend och nees ze déif an d'Glas gekuckt an sinn dono der Police opgefall.
© Unsplash Symolbild

Zu Waasserbëlleg gouf e Samschdeg am spéiden Nomëtteg en Auto gemellt ginn, deen an d’Leitplanke geknuppt war. Eng Patrull huet den Auto fonnt, deen nach do stoung, de Chauffer gouf spéider ermëttelt a gepëtzt. Hien hat gedronk, wat en Otemtest confirméiert huet. Hie krut de Permis ofgeholl.

An der Nuecht ass enger anerer Patrull dunn nach zu Diddeleng an der Rue Jean Jaurès en Auto opgefall. Den Automobilist hat hinnen d’Virfaart geholl an huet dunn op de Gas gedréckt. D’Gefier konnt an der Beetebuerger Strooss gestoppt ginn. En Alkoholtest war positiv an de Mann krut e provisoresche Fuerverbuet.

Back to Top
CIM LOGO