D'Police melltZu Eech an Zéisseng waren Abriecher ënnerwee, Déif och an Téitenger Supermarché

RTL Lëtzebuerg
D'Police mellt en Abroch e Méindeg am Nomëtteg zu Eech, grad ewéi en Abrochversuch zu Zéisseng.

Zu Eech hate Brigangen an der Millebaacherstrooss op e Schantjen agebrach, sinn allerdéngs ouni eppes matgoe gelooss ze hunn nees verschwonnen.

Zu Zéisseng an der Zéissengerstrooss gouf et dann en Dënschdeg an de fréie Moiesstonnen en Abrochversuch. Hei gouf den Täter awer vun engem Awunner am Haus iwwerrascht an huet sech duerch d’Bascht gemaach.

D’Police ermëttelt a béide Fäll.
Een Abroch gouf et dann och nach e Méindeg am Nomëtteg géint 16.40 Auer an engem Supermarché zu Téiteng, bei deem e Sécherheetsbeamte liicht blesséiert gouf. D’Police konnt déi zwee Verdächteg nach op der Plaz festhuelen. Ee vu béide gouf op Dräibuer bruecht. Beim zweete Mann konnt eng kleng Quantitéit Haschisch séchergestallt ginn. Hie koum en Dënschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO