
Wéi de CGDIS mellt, sinn hei en Auto an e Bus anenee gerannt. 3 Persoune goufe verwonnt. Op der Plaz waren d’Pompjeeën an eng Ambulanz aus der Stad.
E Sonndeg den Owend kuerz no 21 Auer sinn op der A3 tëscht dem Beetebuerger Kräiz a Léiweng 2 Autoe kollidéiert. Hei gouf et 1 Blesséierten. Am Asaz waren d’Pompjeeë vu Beetebuerg an Diddeleng, grad ewéi eng Ambulanz aus der Stad.