Gedronk a sech donieft behollZu Esch an an der Stad koumen e puer Leit an Arrest

RTL Lëtzebuerg
An de leschte Stonne krut d'Police e puer Persounen zu Esch an an der Stad gemellt, déi sech wéinst hirem alkoholiséierten Zoustand donieft beholl hunn.
© RTL Archivbild

E Mëttwochnomëtteg gouf zum Beispill e Mann gemellt, deen an engem Buttek zu Esch eppes geklaut hat. Hien hat donieft awer och ze déif an d’Glas gekuckt an huet sech de Sécherheetsbeamte géintiwwer aggressiv beholl. Eng Policepatrull koum erbäi an huet, nodeems de Mann e Protokoll krut, decidéiert, dass hien zur Ausniichterung besser an Arrest wier.

Owes koum et dann nach zu enger Kläpperei tëscht e puer Leit op der Héicht vun der Place de la Gare an der Stad. Eng Patrull, déi net wäit ewech war, ass kucke gefuer a huet an der Rue du fort Neipperg e Verdächtege gestallt, dee flüchte wollt. De Mann huet sech géintiwwer de Beamte wéineg kooperativ gewisen. Wéinst sengem alkoholiséierten Zoustand huet hien donieft eng Gefor fir sech an anerer duergestallt, dovun ofgesinn, dass hien d’Nuetsrou gestéiert huet. Och hie koum an Arrest.

Mann brutal zu Esch iwwerfall

D’Police mellt dann och nach en Iwwerfall an der Nuecht op en Donneschdeg zu Esch op der Brillplaz. E Mann gouf do vun 3 Onbekannten ugeschwat a geschloen. D’Affer ass op de Buedem gefall a krut de Rucksak geklaut. Ermëttlunge goufe lancéiert.

Back to Top
CIM LOGO