
De Garer Quartier zu Ettelbréck wäert sech déi nächst Jore substantiell veränneren. Genee wéi zu Esch wäert ënnert anerem eng Jugendherberg nieft d’Gare gebaut ginn. Nieft der Infrastruktur vun der neier Ettelbrécker Jugendherberg sinn an dësem Gebai awer och d’Raimlechkeete vu Büroen op dräi Stäck ënnerbruecht.
D’Gebai ass eng baulech Erausfuerderung, well et iwwert engem Stroossentunnel an der Busgare entsteet, dat op engem Staatsterrain vun 19 Ar.
Déi nei Jugendherberg wäert 120 Better a 35 Zëmmere bidden, mat engem Restaurant an enger Panorama-Terrass um Daach.
Domat ass dëst déi zéngt Jugendherberg am Reseau vun den Aubergen am Land.
Déi zoustänneg Ministesch Yuriko Backes huet de Gesetzesprojet rezent den Deputéierten an der Chamber presentéiert. Rapporter ass hire Parteikolleeg Fernand Etgen.