Zanterdeem patrulléieren nämlech d’Agente vun enger Sécherheetsfirma duerch den Ettelbrécker Zentrum. A wann een de Responsabele gleewen duerf, dréit déi Mesure och hir Friichten.
Tëscht 17 an 23 Auer owes trëppelen ëmmer zwee Sécherheetsagenten duerch de Stadkär vun Ettelbréck. Si fänken hiren Tour op der Place Marie-Adelaide beim Kulturzentrum CAPE un, gi laanscht d’Primärschoul, iwwer d’Gare an duerch d’Foussgängerzon. Datt d’Gemeng sech dofir decidéiert huet, eng Sécherheetsfirma ze engagéieren, läit dem Buergermeeschter Bob Steichen no net un engem spezifeschen Tëschefall, mee et wéilt een d’Sécherheetsgefill an der däischterer Joreszäit stäerken.
“Dofir hu mer dat och sou gemaach, datt mer gesot hunn, mir fänken um 5 un a maachen et bis 11. 11 Auer aus deem ganz einfache Grond, mir wëssen, dann ass de Commerce zou, dat heescht, et ass net just dowéinst. Mee et sinn awer eng Partie ëffentlech Gebaier, déi méi laang op si wéi lo 6, 7, 8 Auer. A fir dann owes ze garantéieren, sinn déi Gebaier zou, si kënnen déi lescht Leit, déi do raus ginn, kënne si begleeden, nach een Tour ronderëm d’Gebai maachen, fir ze kucken, ob alles zou ass.”
An och fir d’Sécherheetsgefill bei ëffentleche Manifestatioune wéi dem Chrëschtmaart, wier d’Presenz vun den Agente gutt. Et wier awer kloer, datt dës net déi selwecht Kompetenze wéi d’Police hunn, mee aner Aufgaben iwwerhuelen.
“Sou ass et zum Beispill geduecht, datt wann iergendwou een Agank blockéiert gëtt, oder wann iergendwou ze haart Musek gelauschtert gëtt, datt si dann einfach dohi ginn, ganz proaktiv a soen: ‘hei wannechgelift, dat do ass net gutt, dat stéiert hei’. An dat huet eigentlech och vun Ufank u relativ gutt funktionéiert. Et ass éischter eng preventiv Mesure, si bauen och op Deseskalatioun, dat war eis och ganz wichteg.”
D’Mataarbechter vun der Firma kënnen awer keen dozou zwéngen, zum Beispill eng Plaz ze verloossen. An deem Fall muss d’Police geruff ginn. Dem Direkter vun der Sécherheetsfirma, Tony Lourenço, no wier dat awer d’Ausnam.
“Jo, zwee, dräi Mol hu mer d’Police scho geruff, mee meeschtens geet et awer ganz normal eriwwer. Wa mer de Leit erklären, datt se mussen d’Plaze verloossen oder ophalen, ze vill Kaméidi ze maachen, respektéiere se dat awer. Och mat de Leit geet et awer ganz gutt. Mir probéieren, sou sozial wéi méiglech ze bleiwen a si verstinn dat och an huelen dat och un.”
D’Firma mécht der Gemeng och reegelméisseg ee Rapport doriwwer, wat bei hiren Toure geschitt ass. D’Mesure wäert elo mol bis Abrëll, Mee weiderlafen, dee Moment soll d’Ettelbrécker Policekommissariat massiv opgestockt ginn. Da misst ee kucken, ob se nach weider Sënn mécht. Dem Bob Steichen no ass Ettelbréck onofhängeg dovun Demandeur fir eng Lokalpolice.
“Jo natierlech. Also mir haten eis och do manifestéiert. Bon, dat ass keng Decisioun vun eis, do muss een ofwaarden. Mee vue que, datt eist Kommissariat um Effektiv zimmlech vill Leit wäert bäikréien, denken ech, wäert dat mol ofgewaart ginn an da muss ee kucken. Mee mir waren a sinn nach ëmmer Demandeur, well mer natierlech all Mesure begréissen, déi dozou bäidréit, datt sech d’Sécherheetsgefill verbessert.”
Dat d’Zil hätten d’Patrulle vun der privater Sécherheetsfirma op alle Fall erreecht. Esouwuel d’Entreprise wéi d’Gemeng schwätze vu positivem Feedback vun de Commerçanten an de Leit op der Strooss.