E Mann gouf mat engem Stee verwonntZu Käerjeng an an der Stad sinn allkéiers 2 Männer uneneegeroden

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend, respektiv an der Nuecht op e Mëttwoch, koum et zu Streidereien. Zu Käerjeng krute sech 2 Männer direkt 2 Mol an d'Hoer.

D’Police krut fir unzefänken e Sträit tëscht 2 Männer an der Rue Nicolas Meyers zu Käerjeng gemellt. Do hat ee Mann en aneren ugegraff. D’Police huet protokolléiert an de presuméierten Initiator gouf opgefuerdert, senger Wee ze goen. Ma dësen ass awer kuerz drop zeréckkomm an huet säin Affer op en Neits ugegraff. Hie gouf immobiliséiert a koum zur Ausniichterung an Arrest.

Zwee weider Männer, déi sech och an der Géigend opgehalen hunn, hunn d’Beamten nonstop provozéiert a si goufen e puer Mol opgefuerdert, sech ewech ze maachen. Och si koumen zur Ausniichterung an Arrest.

Ausernanersetzung matten op der Strooss an der Stad

Méi spéit an der Nuecht dunn gouf eng Patrull bei der Kräizung Rue Dicks mat der Avenue de la Liberté op zwee Männer opmierksam, déi matten op der Strooss stoungen ze diskutéieren. Ee vun hinne war blesséiert. D’Beamte sinn op si duergaangen, wéi deen anere Mann op eemol e Steen ewech geheit huet.

Et huet sech erausgestallt, dass de Mann deen anere mam Steen verwonnt hat.Dee Blesséierte koum no enger éischter Versuergung op der Plaz an d’Spidol. Op Uerder vum Parquet gouf e Protokoll ausgestallt.

Back to Top
CIM LOGO