Etude de faisabilité ofgeschlossZu Lëlz kéint an den nächste Joren en nohaltegen Hotel entstoen

RTL Lëtzebuerg
Et wier ee bis well eemolege Projet hei zu Lëtzebuerg, dee vill versprécht. Den Tourismusministère huet d'Resultater vun enger Etüd presentéiert.
Zu Lëlz kéint an de nächste Joren e nohaltegen Hotel entstoen
Et wier ee bis well eemolege Projet hei zu Lëtzebuerg dee vill versprécht.

Dobäi gouf gekuckt, wat fir eng Infrastrukturen op deem iwwer 1 Hektar grousse Site méiglech wieren. En Hotel mat 12 Zëmmer kéint hei realiséiert ginn, donieft 24 Logë fir bis zu 6 Leit – Plaz, herno, fir 120 Gäscht. Dobäi hätt ee sech awer eng Rei Critère gesat: De Projet soll e klengst-méiglechen Impakt op d’Natur hunn an och visuell gutt an d’Landschaft passen. Den Terrain soll deemno net versigelt ginn, mee flexibel bleiwen. D’Loge kéinte fräi an op verschiddenen Niveauen ausgeluecht ginn.

“Et geet drëms, datt mir hei e Projet hunn, wou d’Waasser duerchleeft wann et reent, datt den Terrain changéiert wann et gereent huet, well eben e Waasserlaf tëscht de Loge leeft. Dee gëtt dann och beispillsweis an engem Weier opgefaangen”, erkläert den Tourismusminister Lex Delles.

Zu Lëlz kéint an de nächste Joren e nohaltegen Hotel entstoen

Den 1,10 Hektar groussen Terrain kéint herno mat enger Vëlosbréck iwwer d’N27 mat Lëlz verbonne ginn an en Uschloss un déi aner touristesch Offere bidden. D’Konzept gesäit gréng Diecher vir an nohalteg Infrastrukturen aus lokale Materialien. De Projet soll spéider de Patrimoine wéi och de Charakter vun der Regioun rëmspigelen.

De Site gouf dem Tourismusministère affektéiert. Elo geet et an déi nächst Etapp.

“Lo si mir um Punkt, wou mir e juristeschen Avis froen, wéi mir d’Ausschreiwung kënne maachen, well de Staat wäert net Bauhär sinn. Mir wäerten de Projet ausschreiwen, datt privat Investisseure oder Exploiteure kënnen den Terrain bebauen no den Iwwerleeungen, déi mir hunn”, esou nach de Lex Delles.

De Projet soll e Modell-Charakter hunn a weisen, datt et méiglech ass esouwuel en nohaltege Projet ze realiséieren, wéi och d’Regioun touristesch opzewäerten. An deem Sënn wéilt een déi lokal Acteuren a Produzente mat abannen, fir datt d’Touristen d’Stauséi-Regioun an all hire Facette erliewe kënnen.

Back to Top
CIM LOGO