Effizient Prozedure géint d’Finanz a WirtschaftskriminalitéitZu Lëtzebuerg géing et e groussen Nohuelbedarf ginn, sou de Laurent Mosar

Diana Hoffmann
Dat sot de President vun der Justizkommissioun, den CSV-Deputéierte Laurent Mosar, no der Reunioun an der Chamberkommissioun.

Déi Deputéiert hu sech mat de Vertrieder vun den diverse Justizautoritéite gesinn.

“Et si ganz vill Punkten, déi mech wierklech schockéiert hunn. Mee ee Weesentlechen ass, datt do elo eng Reserve ugeluecht gëtt, dat ass e bëssen e gelungent Wuert, vun all deenen Affären, wou einfach net genuch Leit an net genuch Zäit do ass, fir déi ze instruéieren. An do si mer iwwer 400. An dat fannen ech eigentlech an engem Rechtsstaat net akzeptabel.”

Et géing ee sech net déi néideg Moyene ginn. Wat den Effectif u Personal ugeet, wëllt een opstocken. E Gesetz soll nach virun der Vakanz gestëmmt ginn. Fir dëst Joer hätt een iwwerdeems 28 nei Magistrate kënne rekrutéieren.
Den LSAP-Deputéierte Franz Fayot sot, et wier gewosst, dass et eng Disproportionalitéit tëscht der Gréisst vun der Finanzplaz an de Moyene vum Parquet, der Police judiciaire an der Justiz géing ginn.

“Do gëtt et Pisten, fir dat ze änneren. An dat ass och an där leschter Regierung scho geschitt, mat engem Plang fir kënne Referendairen ze rekrutéieren, fir de Magistraten zur Hand ze goen. Och den Untersuchungsriichter. An dat leeft och, do krute mer gesot, dass och scho vill rekrutéiert ginn ass, dëst Joer. Mee nawell ginn et nach ëmmer Problemer.”

Zum Beispill d’Bankgeheimnis dat ëmmer nach géing an de méi lokalen Affäre fir Residentë bestoen.

Back to Top
CIM LOGO