
Zu Lëtzebuerg gëtt weider vill Fleesch giess, och wann de Konsum iwwert déi lescht 10 Joer gekuckt op de Kapp ëm ronn 2 Kilo an der Moyenne zeréckgaangen ass. 2023 goufen an der Moyenne 85,4 Kilo Fleesch pro Persoun hei am Land giess, woubäi dëst virun allem Schwéngefleesch war.
Iwwert d’lescht 10 Joer gekuckt ass awer de Konsum vu Schwéngefleesch zeréckgaangen, iwwerdeem méi Fleesch vu Rand, Kallef oder oder Gefligel op den Teller koum. Bannent dem leschte Joerzéngt ass hei am Land och manner Geessen, Schofs- a Päerdsfleesch an d’Dëppe komm.
De Fleeschkonsum ass mat iwwer 85 Kilo an der Moyenne hei am Land nach ëmmer héich, mee identesch mat deem a Frankräich. Am Verglach gi bei den däitschen Noperen an der Moyenne nëmmen 52 Kilo Fleesch giess. D’Moyenne an der EU läit bei 76 Kilo op de Kapp.
An den USA an Australien iessen d’Leit iwwerdeem eng ronn 120 Kilo Fleesch d’Joer. D’Moyenne weltwäit läit iwwerdeem bei nëmmen 43 Kilo.
Fir Fleesch- a Fleeschprodukter hunn d’Awunner zejoert an der Moyenne ronn 6.200 Euro ausginn, 2019 waren dat nach just 4.900 Euro - mee natierlech sinn dës Produkter och méi deier ginn. Am meeschte Suen hunn d’Leit fir Gefligel ausgi mat 270 Euro an der Moyenne, mee och 203 Euro waren et nach fir Zoossissen.
D’Zuel vu geschluechten Déieren am Land blouf iwwerdeems stabel. Quasi d’Hallschent vun deem Fleesch geet an den Export.
Dës Chifferen deelt d’Agrarministesch Martine Hansen den DP-Deputéierten Emering a Bauler mat, déi zum Sujet eng parlamentaresch Fro gestallt haten.