Äntwert op parlamentaresch FroZu Lëtzebuerg gouf et dëst Joer ee rezente Fall vu Bettwanzen

RTL Lëtzebuerg
Well dës Parasitten awer schwéier ze fannen an net gemellt musse ginn, ass et schwéier ze soen, wéi d'Evolutioun weidergeet.
© AFP

Zemools dës Déiere mat der Wallis aus der Vakanz kënne mat Heem transportéiert ginn. An Däitschland a Frankräich gëtt op Plaze jo vun enger reegelrechter Plo vu Bettwanze geschwat, déi absënns am Secteur vun Hotellen, Foyeren a Jugendherberge Suerge bereet. A Frankräich wier souguer all zéngte Stot befall, de Schued géif sech op eng 300 Milliounen Euro d’Joer chiffréieren.

Wéi gesot, gëtt et offiziell de Phenomen vun de verstoppte Bluttsauger an dëser Form net hei am Land, mee de Santésministère surveilléiert d’Situatioun awer, esou d’Ministesch Martine Deprez an den Ëmweltminister Serge Wilmes an enger gemeinsamer Äntwert op eng entspriechend parlamentaresch Fro vun den DP-Deputéierten André Bauler a Luc Emering.

Wéi et weider heescht, hätten och d’Spideeler op Nofro vum Ministère hi matgedeelt, datt et nach keng Probleemer mat Bettwanze goufen. Et wieren awer preventiv Prozeduren en place.
D’Wanze lasszeginn ass net einfach, well se a Fäll och resistent géint Insektizide sinn.

Parlamentaresch Fro N°945

Back to Top
CIM LOGO