
Zu Lëtzebuerg ass de Mouvement mëttlerweil quasi inexistent. De Klimawandel ass deene Jonken zwar net egal, mee et ass net evident, se aktiv ze halen.
Dat mierkt een zum Beispill bei der Ëmweltschutzorganisatioun Greenpeace. Aktuell huet ee ronn 30 Persounen ënner 25 Joer, déi als “Aktiven” ageschriwwe sinn. Dat heescht awer net onbedéngt, datt se och wierklech u villen Evenementer aktiv deelhuelen. Et wier och net méi méiglech, wéi viru 5 Joer, 6.000 Leit op eng Maniff ze kréien. D’Florence Ménage ass bei Greenpeace responsabel fir d’Mobilisatioun an erkläert sech dat esou:
“Et läit warscheinlech un der Aktualitéit. Wann een d’Aktualitéit elo kuckt, mam Krich, mat der Ukrain, mat Russland, do ass eng gewëssen Angscht, déi bei deene Jonken ze spieren ass. Ech denken, datt prioritär elo manner fir d’Ëmwelt gesuergt gëtt wéi virdrun. Jo, ech denken, datt et wierklech un der Aktualitéit läit.”
Wann een an de Schoule present wier, géing een awer mierken, datt déi Jonk sech duerchaus nach ëmmer fir d’Ëmwelt interesséieren. Änlech gesäit et den Dany Semedo, President vun der nationaler Schülerkonferenz. De Mouvement, deen et viru 5 Joer gouf, hätt sech opgeléist. Trotzdeem géing een de Sujet als Schülerkonferenz weider suivéieren. An et huet een och konkret Punkten, op deene ee sech baséiere kann.

“Ech denken do och un d’Produzéieren oder un d’Fërderung vun erneierbaren Energien, wat ganz wichteg ass. Et muss een awer och iwwert de Liewensmëttelkonsum schwätzen. Ech denken do u verschidde Produiten, déi net ganz gutt sinn, u Plastikreduzéierung, u richteg Mülltrennung. Also d’Schoul kann do wierklech eng Virbildfunktioun hunn, dofir ass et wichteg, an der Schoul e bëssi unzefänken.”
Wa Jonker an eng nohalteg Schoul ginn, géinge se déi Astellung och mat Heem huelen an do liewen. Wat déi nei CSV-DP-Regierung ugeet, esou gouf et bis ewell nach kee Kontakt, mee et géing een hoffen, datt sech dat geschwënn ännert. An net méi spéit wéi haut huet den Ëmweltminister Serge Wilmes dann och annoncéiert, datt d’Vertrieder vun der Schülerkonferenz ee Rendez-vous bei him kréien.