Lokal a regionaalt Uebst ubauen an och do verkafen, dat ass nach ëmmer de Motto vun de Lëtzebuerger Uebst- a Geméisproduzenten. De President Jean-Claude Muller sot am Interview, dass dëst Joer duerchwuess war.
“Et war e gemëschte Joer, mat gemëschte Gefiller. Regional war et ganz gutt, wou ganz schéi Recoltë konnte gemaach ginn. Aner Plaze war vill Frascht, wou ganz vill erkaalt ass, wou quasi keng Recolte war. Iwwerall do, wou awer elo Recoltë waren, konnt natierlech topp Qualitéit Uebst recoltéiert ginn.”
Esou war beispillsweis Steesel en Hotspot, wou et vill Frascht gouf. D’Steenuebst war do bal komplett erkaalt.

D’Uebstbaueren hunn och hir Doleancen a Suergen um Freidegmoien am Regierungsrot presentéiert. Dozou gehéieren d’Gestioun vum Waasser fir ze nätzen, d’Bauen a Gréngzonen, Veraarbechtungsbetriiber fir d’Produktioun fir Kantinnen an d’Käschte vun der Aarbecht, esou de Jean-Claude Muller.
D’Promotioun vum Uebst dat hei am Land wiisst a verkaf gëtt, ass e Samschdeg an der Stad vun 10 Auer un och en Thema. D’Uebstbauere sinn um roude Pëtz mat hire Produkter present.

Fir ze erkläre wisou d’Uebst e gewësse Präis huet, hëlt den Uebstbauer Muller d’Beispill vun de Mirabellen.
“Ganz exemplaresch kann ee soen, dass eng Aarbechtsstonn de Bauer zwanzeg Euro kascht, wann de Saisonnier pléckt. Wann de Saisonnier dann elo Mirabelle pléckt zum Beispill, da packt en ongeféier zwanzeg Kilo an der Stonn. Dat heescht, een Euro pro Kilo kënnt direkt op d’Pléck-Käschten drop. Dat heescht awer dann och, dass een nach ëmmer keng Suen huet fir zum Beispill d’Moossname vum Schneiden, Fleegemoossnamen an dann och nach fir d’Betribskäschten huet een alles dann nach net. An dat erkläert dann och, firwat dass Präisser an de leschte Joren an d’Luucht gaange sinn.”