ZeienopruffZu Mäertert virun enger Apdikt gouf e Mann iwwerfall

RTL Lëtzebuerg
De leschte Freideg koum et zu engem Iwwerfall op der Route de Wasserbillig zu Mäertert. D'Police sicht an deem Kontext no zwee Verdächtegen.

Zwee jonk Männer sollen enger anerer Persoun mat Gewalt de Portmonni geklaut hunn.

All Informatioun zu de gesichte Persounen op der Foto, ass fir de Policebüro Museldall. Eventuell Zeie kënne sech per Telefon op der Nummer +352 244 70 1000 oder per Mail u Police.MUSELDALL@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO