
Déi lokal Pompjeeë goufe vun hire Kolleege vun Duelem, Munneref a Schengen ënnerstëtzt. Och de Stater SAMU war op der Plaz, fir sech ëm eng blesséiert Persoun ze këmmeren.
Weider Detailer feelen nach.

Ee Blesséierte mellt de CGDIS dann och bei engem Brand géint 2 Auer an der Industriezon PED zu Rodange. Do hat eng Maschinn Feier gefaangen. D’Secouriste vu Péiteng a Suessem-Déifferdéng waren am Asaz.