Dëst Joer war allerdéngs eng aussergewéinlech Editioun.
Dem Stréimännchen 2025 seng lescht Stonne si gezielt: Wéi all Joers gouf nämlech eng Popp aus Stréi zu Réimech op Äschermëttwoch verbannt, fir der Fuessaison an dem Wanter Äddi ze soen. Des Traditioun gëtt et schonn zanter 1821, ma dëst Joer war allerdéngs eng méi aussergewéinlech Editioun.
Am Kader vun de Feierlechkeete vum 150. Anniversaire vun der Réimecher Musek war den Depart vum traditionelle Cortège dëst Joer nämlech net wéi soss beim Café Fuesend zu Réimech, deen am Laf vum leschte Joer zougemaach huet, mee an der Kellerei Kox, déi ee méi festleche Kader erméiglecht.
Net nëmmen den Depart vum Cortège huet geännert, mee och d’Museker, déi matspille sinn zu méi, ewéi an de Jore virdrun. Wéinst dem Anniversaire vun der Musek goufen nämlech déi fréier Musikanten invitéiert, fir dëst Joer beim Cortège nees dobäi ze sinn a matzespillen. Des Iddi huet direkt groussen Zoulaf fonnt.
Monique Weintzen, Präsidentin Réimecher Musek: Am Kader vun eisem 150. Anniversaire hu mer eis geduecht, mir wëllen eppes Extraes maachen. An do koum d’Iddi, mir géifen d’Anciene mathuelen, déi schonn éiweg an der Musek waren, an déi laang net méi gespillt hunn. Den Opruff hat direkt ee grousse Succès an d’Leit si frou. fir kënnen dobäi ze sinn.
Vill jonk an och manner jonk Musikanten, déi scho méi laang net méi an der Réimecher Musek matgespillt haten, hunn et sech net huele gelooss, fir dobäi ze sinn. Dofir gouf an den Deeg virdru fläisseg geprouft, wei zum Beispill den Här Krier, deen zanter den 80er Joren net méi gespillt huet an haut 78 Joer huet: Ech hunn de ganze Mëtte geprouft. D’Instrument stoung elo scho méi laang am Eck an et war e bëssen agerascht. Mee vum Mëtteg un ass nees alles tipptopp gaangen.
Schonn dëse Méinden hate sech puer Réimecher Awunner zesummefonnt, fir de Stréimännche vun dësem Joer opzeriichten. Un engem Holzgerüst ginn heivir Kleeder ugebitzt, déi da mat genuch Stréi gefëllt ginn, fir dass de Männche laang brenne kann. Vill vun hinne si scho méi laang dobäi:
Camille Schengen: Dat hei ass mäi 40. Stréimännchen, deen ech zesummebauen. Et si puer flotter Deeg, et ameséiert ee sech gutt derbäi a mir maachen et gär.
Wéi erwaart hu sech nees vill Leit zu Réimech afonnt, fir de Stréimännchen unzefänken an an d’Musel ze geheien. Eng Traditioun, déi nach ëmmer Jonk an Al zesummebréngt.