PompjeesasazZu Réngel huet e Méindeg den Daach vun engem Haus gebrannt
E Méindeg géint 14 Auer goufen d'Pompjeeën an den Asaz geruff, well zu Réngel den Daach vun engem Haus a Brand gerode war.
Wéi d’Pompjeeën op der Plaz ukomm sinn, haten d’Flamen den Daach scho staark beschiedegt. An den Asaz geruff goufen d’Pompjeeë vu Clierf, Alebesch an Nordstad, grad ewéi Ambulanze vu Wolz an aus der Nordstad. Dem CGDIS no gouf et keng Blesséierter.
Réngel läit an der Gemeng Esch-Sauer.
The photos published on this site are subject to copyright and may not be copied, modified, or sold without the prior permission of the owner of the site in question.