Un den zwee groussen Äerm vun dësem Kran hänkt déi 160 Tonne schwéier Bréck, déi a Wales bestallt gouf, an Deeler geliwwert an hei zu Lëtzebuerg zesummegesat gouf. Dës lescht Aarbechten hunn 2 Méint gedauert. Déi nei provisoresch Bréck geet iwwert d’Eisebunn tëscht Colmer Bierg an Ettelbréck a Mëtt Mäerz wäerten déi éischt Autoen driwwer fueren.
Hand an Hand hunn d’Aarbechter, vum Kranführer bis zum Responsabelen, an de fréie Moiesstonne missten zesummeschaffen, fir dës 45 Meter laang Bréck installéieren ze kënnen. E ganz spannende Moment war, wéi d’Bréck an der Loft huet misste gedréint ginn, fir op déi virgesinne Plaz poséiert ze ginn. Duerno goufe fäerdeg Elementer aus galvaniséiertem Stol installéiert, iwwer déi d’Autoe spéider wäerte fueren.
Des provisoresch Bréck gëtt gebraucht, well déi aktuell aus dem Joer 1960 an der Ouschtervakanz ofmontéiert gëtt. Am Prinzip soll eng Bréck 100 Joer halen. Déi nei an definitiv Bréck soll am Hierscht 2023 fir den Trafic opgoen.