Stéchdatum Januar 2023Zu Steesel gëtt den Duerfkär reamenagéiert

Christophe Hochard
Sou munches soll déi nächste Joren zu Steesel a Beweegung kommen.
Zu Steesel gëtt den Duerfkär reamenagéiert
Sou munches soll déi nächste Joren zu Steesel a Beweegung kommen.

Änneren deet sech den Duerfkär. E Shared Space soll entstoen. D’Busser sollen aus dem Zentrum vu Steesel erausgehale ginn. Et soll zu enger Verkéiersberouegung kommen. Vu 50 soll et op 20 Kilometer an der Stonn zréckgoen. A Steesel soll net méi als Schläichwee fir Automobilisten aus dem Norde genotzt ginn.

Zur Gemeng Steesel gehéieren och d’Uertschaften Heeschdref a Mëlleref. Eppes kléngs iwwer 5.000 Awunner wunnen hei. Bis 2027 klëmmt dës Zuel op 7.200. Dowéinst ginn och méi Infrastrukture gebraucht.

Vun dësem ambitiéise Projet wäert fir d’éischt den ënnerierdesche Parking gebaut ginn. Duerno gëtt d’Gemengenhaus vergréissert. Stéchdatum ass de Januar 2023.

De Steeseler Stadkär soll also revaloriséiert ginn. D’Awunner, déi vun de Gemengeresponsabel informéiert goufen, géifen dësem Projet positiv entgéintkucken.

Back to Top
CIM LOGO