
En Dënschdeg den Owend gouf et en Abroch an der Route d’Arlon zu Stroossen, dat an en Eefamilljenhaus. Hei hate sech d’Täter Zougang an zwou Wunnenge verschaaft an dës duerchsicht.
E weideren Abroch gouf et en Dënschdeg den Owend an en Eefamilljenhaus an der Cité Dominique Baum zu Schëffleng gemellt. Och hei hate sech d’Täter Zougang an d’Haus verschaaft an d’Raim am Gebai duerchsicht.
A béide Fäll war d’Spueresécherung op der Plaz an huet Ermëttlungen ageleet.
Net agebrach, ma beduckst gouf an der Rue J F Kennedy zu Zolwer. En Dënschdeg am Nomëtteg hat sech d’Täter virun Hausdiere presentéiert, dat fir Spende fir eng Organisatioun ze sammelen. Kuerz drop hunn déi Onéierlech dunn e Glas Waasser gefrot an drëm gebieden, d’Toilette dierfen ze notzen. Hei gouf dunn d’Situatioun genotzt, fir de Portmonni matgoen ze loossen. Ermëttlunge goufen ageleet.
Virun allem eeler Persoune si bei esou Bedruchstaktike besonnesch betraff, sou ass et wichteg, dës Zilgrupp genuch opzeklären. Informatiounen heizou ginn et um Site vun der Police.