
Geschitt war dat Ganzt géint 17.40 Auer. D'Police vun Tréier hat d'Kolleegen zu Lëtzebuerg iwwert den Tëschefall informéiert an et huet dunn och net laang gedauert, bis den Auto mat den 3 presuméierten Täter op der Héicht vu Mënsbech konnte gestoppt ginn. Am Auto konnt déi geklaute Wuer séchergestallt ginn. Et waren e puer Fläsche Parfum.