Nei Generatoren an TurbinnenZu Veianen gëtt un der Staumauer geschafft

Marc Hoscheid
Dës Aarbechte gi ronn all 30 Joer duerchgefouert a sinn néideg, fir déi energeetesch Autonomie vum Pompelspäicherwierk Veianen ze garantéieren.
© Marc Hoscheid

Waasser Kraaftwierker spillen an Europa eng ganz wichteg Roll bei der Stroumversuergung, virun allem am Fall vun engem sougenannte Blackout. Dës Kraaftwierker kënnen hire Betrib nämlech ouni Stroum vu bausse rëm ophuelen. Dofir ginn an éischter Linn Turbinne gebraucht. Aktuell ginn déi vun der Staumauer op der Loumillen moderniséiert. Den Tom Hollerich, Bereichsleiter Planung und Neubau bei der Société Électrique de l’Our, erkläert, wéi eng Aarbechte genee duerchgefouert ginn.

“All 30 Joer musse mer eis Maschinnen hei revidéieren. Fir d’lescht goufe se Ufank den 90er-Jore revidéiert. Lo si mer rëm 30 Joer méi spéit a moderniséiere se. Wat maache mer konkret? Mir maachen eng komplett Revisioun vum Generator, vun den Turbinnen a verbesseren de Brandschutz a mir bauen nach eis fettgeschmierte op waassergeschmierte Lageren ëm.”

Wärend déi zwee Generatoren an Turbinnen an Däitschland revidéiert ginn an dono rëm op Veianen zeréckkommen, ginn de Brandschutz an déi elektresch Leittechnik komplett erneiert. D’Aarbechte kaschten e puer Milliounen Euro. De Stroum, deen op der Loumillen produzéiert gëtt, dat kënne bis zu 4 Megawatt sinn, gëtt net an d’Netz gespeist, mee integral fir d’Bedreiwe vun der SEO genotzt. Datt d’Generatoren an d’Turbinnen aktuell net do sinn, huet awer keen Impakt op de Betrib vum Kraaftwierk, well zwou weider Maschinne fir den Eegebedarf an der Caverne sinn.

A wéi gesäit et da mat der Staumauer selwer aus, sinn och do Aarbechte geplangt?

“D’Mauer gëtt dagdeeglech iwwerwaacht, iwwer Moossgeräter, iwwert ee Pendellot, iwwer Sohlwasserdruckmessungen. An do si keng gréisser Saachen ze maache bei der Staumauer.”

D’Pompelspäicherwierk Veianen gouf 1964 offiziell vun der SEO a Betrib geholl. Mat enger méiglecher Leeschtung vu bal 1.300 Megawatt ass et mëttlerweil eng vun de performantsten Anlage vun där Zort an Europa.

Back to Top
CIM LOGO