
De Samu war op der Plaz. An der Nuecht op e Méindeg géint 1.30 Auer gouf et en Accident mat engem Blesséierten am Rond-point Raemerich zu Esch.
Da mellen d’Nout- a Rettungsdéngschter nach zwee weider Accidenter mat allkéiers engem Blesséierten e Méindeg de Moien. Zu Réimech huet sech géint 6 Auer en Auto iwwerschloen an zu Stolzebuerg ass kuerz virun 10 Auer eng Persoun ugestouss ginn.