
Op den 28. Februar waren 19.460 Leit, déi no enger Schaff sichen, op der Adem ageschriwwen. Dat sinn der 1.294 méi (+7,1%), wéi nach am Februar 2024. Besonnesch vun der Hausse betraff si Leit, déi schonn iwwer ee Joer op der Sich no enger Schaff sinn, d’Demandeuren, déi iwwer 30 Joer hunn, a Leit mat héijen Diplomer.
De Chômage-Taux läit de Berechnunge vum Statec no bei 5,9%. Déi meeschten ageschriwwe Leit sichen no Plazen am Transport, der Comptabilitéit, der Informatik, respektiv am kulinaresche Beräich oder am Bankwiesen.

Am Februar 2025 hunn d’Patronen 3.482 nei Poste bei der Adem gemellt, esou datt een um Enn vum Mount nach 7.202 Plazen op hat. Déi gréissten Hausse gouf et am Beräich vun der Konstruktioun. Am Februar waren zwar méi Plazen disponibel wéi nach am Januar an am Dezember, mä par rapport vu virun engem Joer ass et eng Baisse vu 6,8 Prozent.