PoliceZwee Abréch an der Nuecht op e Mëttwoch

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Mëttwoch goufen et nees zwee Abréch. Eemol an e Restaurant op der Aire de Capellen an an een Eefamilljenhaus am Val des Bons-malades.

Beim Abroch op der Aire de Capellen gouf éischten Informatiounen no näischt geklaut. Den Abriecher vum Val des Bons-malades huet een Handy an ee Portmonni geklaut, ier e vun de Bewunner iwwerrascht gouf a geflücht ass.

An der Nuecht op e Mëttwoch ass en Automobilist mat sengem Gefier am Garer Quartier mat héijer Vitess hannerzeg gefuer an ass dobäi an e Stroosseschëld gerannt, wéi d’Police matdeelt. De Mann ass kuerz stoebliwwen an huet säi Gefier du falsch an der Stroossbuerger Strooss geparkt. An der Suite gouf hie vu Beamte gestoppt a kontrolléiert. Den Automobilist wollt keen Alkoholtest maachen, dofir gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat.

Back to Top
CIM LOGO