Op eise StroossenZwee Accidenter bei deenen Alkohol am Spill war

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, koum et en Dënschdeg zu zwee Tëschefäll am Trafic, well all Kéiers een Automobilist ze vill gedronk hat.

En éischte Fall gouf et an der Avenue du Dix Septembre an der Stad. Hei ass an Accident passéiert, bei deem et zu Materialschued koum. Well de Verdacht bestanen huet, datt ee vun de Bedeelegte gedronk hat, gouf d’Police geruff. Dëst konnten de Verdacht effektiv confirméieren. Dobäi koum nach eraus, datt den alkoholiséierte Fuerer souwisou de Permis schonn ofgeholl krut. De Parquet gouf dowéinst informéiert.

Och op der A4 um Gaasperecher Kräiz hat et gerabbelt. Hei hate sech zwee Ween ze pake kritt an zwou Persoune goufe blesséiert a koumen an d’Spidol. Bei engem vun de Chauffere war den Alkoholtest dann och positiv a säi Permis gouf agezunn. Béid Autoe waren, wéi d’Police schreift, net méi ze reparéieren.

Da war d’Police zu Käerjeng nach zweemol am Asaz. Eng Kéier, well hinnen e Chauffer opgefall ass, dee säin Auto net ënner Kontroll hat. Well Alkohol am Spill war, gouf e Protokoll erstallt. Beim zweete Virfall gouf am Laf vum Mëtteg e Chauffer gemellt, dee komesch Manöver op engem Parking gemaach huet. Wéi d’Police op d’Plaz koum, war den Auto fort, ma no enger kuerzer Sich konnt d’Gefier zu Nidderkuer erëmfonnt ginn. Well den Automobilist kee Fürerschäin hat, gouf de Parquet informéiert, d’Persoun protokolléiert an d’Gefier saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO