Um Samschdeg den OwendZwee Accidenter mat 4 Blesséierten, och Air Rescue war am Asaz
E Samschdeg géint 17.15 Auer gouf et zu Chrëschtnech an der Fielserstrooss en Accident. De Rettungshelikopter war op der Plaz.
Dobäi sinn zwou Persoune verwonnt ginn, wéi de CGDIS offiziell matdeelt. Géint 23.50 Auer sinn zu Rodange zwee Autoen accidentéiert, och hei sinn zwou Persoune blesséiert ginn.