112Zwee Accidenter mat jeeweils engem Blesséierten e Mëttwochnomëtten an am Owend

RTL Lëtzebuerg
Am Lokale mellt de CGDIS zwee Accidenter, an deenen allkéiers zwee Gefierer dran involvéiert waren.

Sou zum Beispill um 17.15 Auer op der RN06 tëschent Mamer a Capellen a kuerz virun 20 Auer an der Rue des pommiers um Cents. Op béide Plazen ass jeeweils eng Persoun blesséiert ginn.

Zu Holzem koum et dann en Donneschdeg de Mëtteg géint 15 Auer zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen, dat an der Route de Garnich. Eng Persoun gouf blesséiert.

Back to Top
CIM LOGO