CGDISZwee Accidenter mat zwee Blesséierten e Méindeg den Owend

RTL Lëtzebuerg
Wéi aus dem 112-Bulletin ervirgeet, hat et e Méindeg den Owend zwee Mol gerabbelt op eise Stroossen.

Géint 18.15 Auer ass an der Escher Strooss zu Monnerech en Auto bäigaangen. Kuerz virun 21.40 Auer ass tëscht Schieren a Steeën um CR347 en Auto op d’Kopp gaangen.

Gedämpt hat et dann nach an enger Kichen. Dat kuerz virun 19.30 Auer zu Zéisseng an der rue de la Forêt. Hei ass kengem eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO