
Een Auto war hei involvéiert an eng Persoun gouf verwonnt. D’Pompjeeë vu Koplescht an d’Ambulanz vu Mamer waren am Asaz.
Géint 7.40 Auer sinn op der A13 Richtung Péiteng zwee Autoen net laanschtenee komm. Hei mellt de CGDIS dann och zwee Blesséierter. D’Pompjeeë vu Fréiseng an Uespelt waren op d’Plaz komm, grad ewéi zwou Ambulanze vun Diddeleng.
Kuerz no 14 Auer koum et dunn zu engem weideren Accident op der A13, dat tëschent Keel an Diddeleng a Richtung Schengen. Hei sinn e Camion an en Auto matenee kollidéiert, et gouf Policeinformatiounen no awer kee blesséiert. Duerch den Accident koum et zu zwee Kilometer Réckstau, déi riets Spuer an d’Pannespuer si blockéiert.