CGDIS-BulletinZwee Autoen op d'Kopp gaangen, een an enger Baach gelant

RTL Lëtzebuerg
Den 112 mellt, 3 Asätz wéinst Accidenter. An zwee Fäll hat sech jeeweils een Auto iwwerschloen, bei deem drëtten Accident war en Auto an eng Baach gaangen.

Kuerz virun 20 Auer e Samschdeg den Owend war en Auto an der Rue de Mühlenbach an der Millebaach op d’Kopp gaangen. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert a vum Samu aus der Stad versuergt. Donieft waren d’Ambulancieren an d’Pompjeeën aus der Stad op der Plaz.

E weideren Auto hat sech kuerz no 2 Auer an der Rue du Kirchberg zu Weimeschkierch iwwerschloen, woubäi et zwee Blesséierter gouf. Och hei waren d’Rettungsdéngschter aus der Stad am Asaz.

Zu Béiwen Am Eck war en Auto an eng Baach gerullt. Nieft dem Samu vun Ettelbréck waren och d’Rettungsdéngschter vu Wolz a vum Stauséi op der Plaz. Et blouf beim Materialschued.

Géint 12.40 Auer gouf tëschent Pëtschent a Weiler eng Persoun ugestouss a blesséiert, dat mellen d’Nout- a Rettungsdéngschter.

Bei dräi weideren Accidenter am Stroosseverkéier goufen am Ganze véier Leit blesséiert. Tëschent Réiser a Schlammestee waren en Auto an e Moto anenee gerannt, zu Lenzweiler zwee Autoen. An tëschent Mierschent an Uewerfeelen huet en Auto sech iwwerschloen.

Back to Top
CIM LOGO